Mir freeën eis, Iech kënne matzedeelen, datt d’Gemeng hir nei an éischt elektresch Camionnette am modernen Design kritt huet.
A Zesummenaarbecht mat de Betriber aus der Géigend an der Garage Thommes vun Hiefenech, gouf dës Iddie vum Schäfferot an dem Service Technique ëmgesat. Wichteg heibäi war et ökologesch a fir eis Zukunft ze denken.
Als engagéiert Klimapaktgemeng, wëll d’Fielser Gemeng och an Zukunft weiderhin op elektresch Mobilitéit setzen a soumat d’Ëmwelt an d’Natur schützen.