5.11.2026: d’Fielserstrooss zu Iernzen gespaart tëschent 08h00 an 12h00

5.11.2026: d’Fielserstrooss zu Iernzen gespaart tëschent 08h00 an 12h00

Sperrung vun der Fielserstrooss zu Iernzen

Donneschdes, de 5. November 2026, vun 8:00 bis 12:00 Auer

Wéinst Stroossenaarbechten ass d’Fielserstrooss zu Iernzen den Donneschdeg, de 5. November 2026, vun 8:00 bis 12:00 Auer fir de ganze Verkéier gespaart.

Ännerunge bei der RGTR-Buslinn 234

Wärend den Aarbechte ginn d’Busser vun der Linn 234, déi vu Fëschbech kommen, iwwert d’Soup an de CR128 a Richtung Hieffench ëmgeleet. Dat selwecht gëllt an déi entgéintgesate Richtung.

Déi folgend Arrête kënnen an dëser Zäit net ugefuer ginn:

  • Ernzen, Kapell
  • Ernzen, Manzebach
  • Larochette, Pompjeesbau

Wichteg: Och den CR128 zu Hieffenech ass am Kader vun den Aarbechte gespaart. D’Busser vun der RGTR-Linn 234 an de normalen Verkéier däerfen de Chantier awer duerchfueren.

Mir bieden ëm Äert Versteesdemech a bieden Iech, dës Verkéiersännerungen bei Ärer Planung ze berücksichtegen.

 

 

Fermeture de la Rue de Larochette à Ernzen

Jeudi 5 novembre 2026, de 8h00 à 12h00

En raison de travaux routiers, la rue de Larochette à Ernzen sera fermée à toute circulation le jeudi 5 novembre 2026, de 8h00 à 12h00.

Perturbations sur la ligne de bus RGTR 234

Pendant la durée des travaux, les autobus de la ligne 234 en provenance de Fischbach seront déviés via Soup et la route CR128 en direction de Heffingen, et inversement dans l’autre sens.

Les arrêts suivants ne seront temporairement pas desservis :

  • Ernzen, Kapell
  • Ernzen, Manzebach
  • Larochette, Pompjeesbau

À noter que, malgré la fermeture de la route CR128 à Heffingen, les autobus de la ligne RGTR 234 ainsi que tous les autre véhicules seront autorisés à traverser le chantier.

Nous vous remercions de votre compréhension et vous invitons à prendre vos dispositions en conséquence.

 

Bëschaarbechten – Travaux d’abattage d’arbres

Bëschaarbechten – Travaux d’abattage d’arbres

Verkéiersinformatioun – Bëschaarbechten

Wéinst Bëschaarbechte gëtt de Verkéier op der CR119 tëschent der Fiels an Eeschelbuer vum 2. bis de 6. November 2026 mat Schëlter gereegelt.

Eng Deviatioun gëtt ageriicht: iwwert den CR306, duerno iwwer den CR118 a Richtung Guddelt, weider iwwert den CR346 op Noumer an zum Schluss iwwer den CR306 bis op Aechelbuer. Déi entspriechend Beschëlderung gëtt op der Plaz opgestallt.

De Camping Kengert bleift accessibel, entweder vun der Fiels oder vun Noumer aus.

Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech a bieden Iech, déi entspriechend Beschëlderung op der Plaz ze beachten.

Avis de circulation – Travaux d’abattage d’arbres

Dans le cadre de travaux d’abattage d’arbres, la circulation sera réglementée sur le CR119 du 2 au 6 novembre 2026 entre Larochette et Aechelbour/Nommern.

Une déviation sera mise en place via le CR306, puis le CR118 en direction de Gouddelt avant de rejoindre le CR346 jusqu’à Nommern et de poursuivre sur le CR306 jusqu’à Aechelbur. La signalisation nécessaire sera installée sur place.

Le Camping Kengert restera accessible, alternativement depuis Larochette ou depuis Nommern.

Nous vous remercions de votre compréhension et vous invitons à suivre la signalisation mise en place.

Wichteg Informatioun fir d’Fielser Schüler: Ännerunge bei de Busverbindunge vum RGTR Richtung Stat Lëtzbuerg vum 15. Oktober 2026 un

Wichteg Informatioun fir d’Fielser Schüler: Ännerunge bei de Busverbindunge vum RGTR Richtung Stat Lëtzbuerg vum 15. Oktober 2026 un

Wichteg Informatioun fir d’Fielser Schüler:

Ännerunge bei de Busverbindunge vum RGTR vum 15. Oktober 2026 un

Wéinst schwierege Verkéiersbedéngungen am Raum Beggen, Dommeldange a Walfer ginn d’Departzäite vu verschiddene Schoulbusser ab dem Donneschdeg, 15. Oktober 2026, bis op Weideres ugepasst.

Fir d’Fiels sinn dës Ännerunge wichteg:

  • Linn E01 – Course 3413: Neien Depart um 06:37 Auer um Arrêt Larochette-Bleech
  • Linn D42 – Course 3400: Neien Depart um 06:35 Auer vum Arrêt Larochette-Bleech.
D’Schüler gi gebieden, déi nei Departzäiten ze berücksichtegen an hir Busverbindung entspriechend ze plangen.
Merci fir Äert Versteesdemech.
 

Information importante pour les élèves de Larochette

Modifications des horaires des bus RGTR à partir du 15 octobre 2026

En raison des difficultés de circulation dans les secteurs de Beggen, Dommeldange et Walferdange, les horaires de certaines courses scolaires seront adaptés à partir du jeudi 15 octobre 2026 et jusqu’à nouvel avis.

 

Pour Larochette, les modifications suivantes sont à retenir : 
  • Ligne E01 – Course 3413 : nouveau départ à 06h37 depuis l’arrêt Larochette-Bleech.
  • Ligne D42 – Course 3400 : nouveau départ à 06h35 depuis l’arrêt Larochette-Bleech.
Les élèves sont invités à tenir compte de ces nouveaux horaires et à adapter leur organisation en conséquence.

 

Merci de votre compréhension.
 

Dreifjuegden – Battues

Dreifjuegden – Battues

Dreifjuegden zu Lëtzebuerg

 

Vum 18. Oktober 2026 bis den 31. Januar 2027 sinn Dreifjuegden ze Lëtzebuerg erlaabt.
Spadséiergänger solle sech am Viraus iwwer déi geplangte Juegden informéieren, d’Warnschëlter respektéieren an op de markéierte Weeër bleiwen.
Wann een onerwaart an e Juegdgebitt geréit, soll ee sech gutt siichtbar maachen an d’Gebitt roueg verloossen. Och Autofuerer solle besonnesch op Bëschstroosse virsiichteg fueren.
D’Datumer, d’Plazen an d’Kaarten vun den Dréckjuegten am Groussherzogtum Lëtzebuerg kënnen online um Géoportail vu Lëtzebuerg consultéiert ginn:
https://map.geoportail.lu/communes/Luxembourg/anfdatesbattues/?lang=fr

Sécherheet am Bësch

  • Op den Zougäng zu de Weeër, déi an déi betraffe Gebidder féieren, ginn Warnschëlter opgestallt.
  • Den Zoutrëtt an de Bësch um Dag vun enger Dreifjuegd geschitt op eege Gefor.
  • Et ass verbueden, de Verlaf vun der Juegd bewosst ze stéieren.
  • Et gëtt recommandéiert, Hënn un der Léngt ze halen a hell oder hell/ opfälleg Kleeder unzedoen.

Saison des battues au Luxembourg

Du 18 octobre 2026 au 31 janvier 2027, les battues sont autorisées au Luxembourg.
Les promeneurs sont invités à se renseigner à l’avance sur les battues prévues, à respecter les panneaux d’avertissement et à rester sur les sentiers balisés.
En cas d’entrée imprévue dans une zone de chasse, il est important de rester bien visible et de quitter les lieux calmement. Les automobilistes doivent également redoubler de prudence sur les routes forestières.
Les dates, les lieux et les cartes des chasses en battue au Grand-Duché de Luxembourg peuvent être consultés en ligne sur le Géoportail du Luxembourg.
https://map.geoportail.lu/communes/Luxembourg/anf_dates_battues/?lang=fr

Sécurité en forêt :

  • Des panneaux d’avertissement sont installés aux accès et sentiers des zones concernées.
  • L’accès à la forêt le jour d’une battue se fait à vos propres risques.
  • Il est interdit de perturber volontairement le déroulement de la chasse.
  • Il est recommandé de garder les chiens en laisse et de porter des vêtements clairs ou voyants.

Lot

Commune / secteur procheDate(s) de battue
 
303Medernach / Christnach23.10.26
 
305Haller24.10.26
 
323Larochette Ernzen30.10.26
324Larochette, Fischbach, Heffingen30.10.26
277Medernach31.10.26
 
298Meysembourg Larochette06.11.26
 
322Angelsberg06.11.26
 
327Reuland07.11.26
 
321Angelsberg / Mersch11.11.26
 
275Medernach14.11.26
 
354Colbette / Altrier20.11.26
 
301Vallée de l’Ernz, Waldbillig, Larochette20.11.26
274Stegen08.12.26
 
328Colbette17.12.26
 
299 Nommern 04.12.2026 et le 15.01.2027 
 
296Cruchten / Nommern18/10/2026 et 29/11/2026
 
352Reuland / Fischbach20/10/2026 ; deuxième date à confirmer
 
326Larochette / Christnach31/10/2026 et 28/11/2026
 
276Medernach / Ermsdorf31/10/2026 et 29/11/2026
 

 

Aller au contenu principal