Invitatioun op d’Ouverture vun der Fielser Kiermes
Mir freeën eis, all d’Awunner vun der Gemeng Fiels häerzlech op déi offiziell Ouverture vun der Kiermes anzelueden,
de Freideg, de 17. Juli, um 18.30 Auer
Fir den Ufank vun der Kiermes ze feieren, déi dëst Joer vum 17. bis de 26. Juli stattfënnt, géife mir eis freeën, Iech bei engem Éierewäin an dem offiziellen Uschneiden vun der Kiermesham begréissen ze dierfen.






