Lovers of the Universe a.s.b.l. invitéiert Iech op déi drëtt Editioun vum FADO RALI A GESANG. Eng immersiv Fado-Erfarung am Häerz vum pittoreske Duerf Larochette – wou de Geescht vu Portugal duerch d’Stroosse schwieft an mir déi déif Kläng vum Fado an eisen Häerzer spieren.D´Fiels, mat senger lieweger portugisescher Gemeinschaft, wäert nees am Rhythmus vun de Gittaren an de passionéierte Stëmme vun de Fado-Sänger opliewen. Fir dës drëtt Editioun presentéiere mir net manner wéi 11 intim  Fadoconceren awer och  Lëtzebuerger Musek, an de gemittleche Caféë vum Duerf an op der Haaptplaaz. De ganzen Dag iwwer hutt Dir d’Méiglechkeet, vun engem Concert bei deen aneren ze flanéieren – jidderee mat senger eegener Ambiance, an alles bequem zu Fouss erreechbar.
 
Mat dëser neier Editioun kënnt Dir Iech op eng musikalesch Erfarung voller Emotioune freeën. Siwen traditionell Fado-Gruppen, dei gréisstendeels aus Portugal kommen, wäerten déi ganz Déift an Authentizitéit vun dëser emblematescher Musek zum Liewe bréngen.
 
Fir d’éischte Kéier gëtt de Fado Programm och duerch véier ikonesch Gruppen aus der lëtzebuergescher Musekszeen beräichert, dorënner den Josh Island a den Serge Tonnar, déi exklusiv akustesch Opféierunge presentéieren wearten. Eng eenzegaarteg Renconter tëscht der emotionaler Déift vum Fado an der Exzellenz vun der lëtzebuergescher Folk Szene.Nieft der Musek kënnt Dir interkulturell Stänn entdecken, déi d’kulturell Wuerzele vu Portugal ervirhiewen, eng authentesch portugisesch Kichen genéissen an eng beandrockend Fotoausstellung vum Paulo Lobo besichen.Well d’Plazen an de Caféë limitéiert sinn a séier besat kënne sinn, rode mir Iech un, fréi ze kommen, fir d’Concerten an hirer ganzer Atmosphär ze genéissen.
 
Dernière modification le 17.09.2026
Aller au contenu principal