Ee neit Gefier fir de gemeinsame Bësch-Déngscht Fëschbech a Fiels

De 15. Juli 2026 ass dat neit Gefier vum gemeinsame Bësch-Déngscht vun de Gemenge Fëschbech a Fiels am Kader vun enger klenger Feierstonn am Veräinshaus zu Schous offiziell un d'Mataarbechter vum Revéier Fiels iwwerreecht ginn.Le 15 juillet 2026, le nouveau véhicule du service forestier commun des communes de Fischbach et de Larochette a été officiellement remis aux agents du triage forestier de Larochette lors d’une cérémonie organisée au Veräinshaus de Schoos.

Ee neit Gefier fir de gemeinsame Bësch-Déngscht Fëschbech a Fiels

De 15. Juli 2026 ass dat neit Gefier vum gemeinsame Bësch-Déngscht vun de Gemenge Fëschbech a Fiels am Kader vun enger klenger Feierstonn am Veräinshaus zu Schous offiziell un d’Mataarbechter vum Revéier Fiels iwwerreecht ginn.
D’Iwwerreechung huet a Presenz vun de Buergermeeschteren Mirko Martellini a Lucien Brosius souwéi vum Fierschter Olivier Molitor stattfonnt.
Dat neit Gefier ass e Volkswagen Transporter Kastenwon (Kuerzversioun, 110 kW TDI A8 4×4), dee speziell un d’Ufuerderunge vun der Bësch-Aarbecht ugepasst ginn ass. Den Interieur gouf zum Deel vum Gemengepersonal realiséiert, wärend den Design baussen vum Gefier op Basis vu Fotoen entworf gouf, déi vun eisen Fierschter gemaach goufen.

 

Nouveau véhicule pour le service forestier de Fischbach et Larochette

Le 15 juillet 2026, le nouveau véhicule du service forestier commun des communes de Fischbach et de Larochette a été officiellement remis aux agents du triage forestier de Larochette lors d’une cérémonie organisée au Veräinshaus de Schoos.
Cette remise s’est déroulée en présence des bourgmestres Mirko Martellini et Lucien Brosius, ainsi que du préposé de la nature et des forêts, Oli Molitor.
Le nouveau véhicule est un Volkswagen Transporter Fourgon (version courte, 110 kW TDI A8 4×4), spécialement adapté aux exigences du travail forestier. Les aménagements intérieurs ont été réalisés en partie par le personnel communal, tandis que l’habillage extérieur du véhicule a été conçu à partir de photographies réalisées par notre préposé de la nature et des forêts.
Dernière modification le 16.07.2026

Des articles de la même catégorie

Invitatioun op d’Ouverture vun der Fielser Kiermes

Invitatioun op d’Ouverture vun der Fielser Kiermes

Mir freeën eis, all d’Awunner vun der Gemeng Fiels häerzlech op déi offiziell Ouverture vun der Kiermes anzelueden,

de Freideg, de 17. Juli, um 18.30 Auer

Fir den Ufank vun der Kiermes ze feieren, déi dëst Joer vum 17. bis de 26. Juli stattfënnt, géife mir eis freeën, Iech bei engem Éierewäin an dem offiziellen Uschneiden vun der Kiermesham begréissen ze dierfen.

lire plus
Aller au contenu principal