
Léif Awunner aus der Gemeng Fiels,
Mir informéieren Iech, datt Dir d’Méiglechkeet hutt, am Bongert am Haff vun der Gemeng, d’Uebst ze plécken an dat all Dag vun Méindeg bis Freideg wärend den Ëffnungszäiten vun der Gemeng (08:00 bis 12:00 Auer an 14.00 bis 17.00 Auer).
Wann-ech-glift nëmme fir den eegene Gebrauch d’Uebst plécken a keng Äscht erofrappen.
Hei fannt Dir de Bongert vun der Gemeng, wou dir Iech zerwéieren kënnt:



Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir: Zerwéiert Iech!
Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère an dem Syvicol.
D’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengem eegene Bongert.
All Joer verfaulen awer kiloweis Äppel an Bieren op an ënnert de Beem an de Wisen a Gäert. Dat si verbëtzte Liewensmëttel. Doraus kéint een och Viz pressen,Gebeess oder Kompott kachen, domat baken a nach villes méi.
Méi Informatiounen op antigaspi.lu.
Charte de bonne conduite
Halt Iech beim Plécke wgl. un déi heite Reegelen:
• Nëmme Friichte vun engem Bam dee mat engem giele Band markéiert ass, däerfe gepléckt
ginn.
• Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.
• De Bam däerf net beschiedegt ginn.
• D’Friichte si fir de private Gebrauch geduecht.
• Huelt nëmme souvill Friichte mat, wéi Dir braucht.
• Hannerloosst d’Natur sou, wéi der se fonnt hutt.
• Blockéiert keng Zoufaarten.
• D’Plécke fält ënnert Är eege Responsabilitéit.